Frank Engel

Spëtzenkandidat

Gemeng :

Luxembourg-Ville


Ech sinn de Frank Engel. Gebuer den 10. Mee 1975 an der Stad, opgewuess zu Dikrech an nees an d'Stad wunne komm. Ech hunn den Dikrecher Kolléisch gemaach an Droit studéiert, hu mech fréi politesch engagéiert, dertëschent nach eng juristesch a politesch Zäitschrëft erausbruecht an sinn iwwer e puer weider politesch Statiounen an d'Europäescht Parlament gewielt ginn. Do blouf ech 10 Joer, bis ech mech als gewielte President vun enger gréisserer Lëtzebuerger Partei wollt ganz ëm déi këmmeren - wat féirend Leit bannent däer awer net esou wollten. D'Moral vun der Geschicht: no enger Denonciatioun beim Parquet a mengem Parteiaustrëtt koum et Enn 2021 zu mengem Fräisproch op der ganzer Linn an Ufank 2022 zur Grënnung vun enger neier Partei: FOKUS. FOKUS féieren ech elo als Spëtzekandidat an d'Chamberwalen den 8. Oktober. Mir huelen un dëser Chamberwal deel, well mer wierklech Verännerungen am a fir d'Land a seng Leit wëllen.

Ech sinn iwregens dee richtege Frank Engel. Et twittert do een, dee mäi Numm benotzt. Ech hu keng Anung, wien dat ass, an hei ans do ass hie ganz originell (wann et een „hien" ass), mee ech mengen, d'Original wir awer ëmmer besser. Och duerfir: dëse Blog sinn ech. Op Twitter (oder haut X) sinn ech net.

Well ech gäer schreiwen, hunn ech mer geduecht, ech wéilt déi lescht Woche vun der Campagne mat e puer Texter begleeden: Iwwerleeungen zur Politik, Betruechtunge vum Dag, Ausenanersetzunge matThemen, déi de Walkampf ausmaachen. Wat e eschreift, bleift, soen se - an dat soll och esou sinn, well de Walkampf 2023 net just fir Lëtzebuerg, mee eben och fir mech ganz perséinlech, ee ganz wesentleche Moment ass. Et ka sech alles änneren, oder guer näischt, et kann ee ganz komplizéiert Resultat ginn oder ee méi einfacht an däitlecht, jee: dës Wale si speziell. An dat, wat mech virum 8. Oktober all Dag beweegt, wëll ech hei deelen.

Jo, ech si Kandidat an ee Kandidat wëllt gewielt ginn. Duerfir wäert ech dacks „an eegener Saach" schreiwen. Et sollen awer och Betruechtungen zu deenen anere Kandidaten, Parteien a Theme ginn, déi an dëser Campagne derbäi sinn - ëmmer am Respekt virum politesche Géigner, well deen ass kee Feind, mee just ee Konkurrent. Mat politesche Konkurrente soll een esou ëmgoen, wéi mat deenen am Sport - fair. Dës Wale verspriechen, sportlech ze ginn. Et ass am Fong esou spannend, wéi scho laang net méi!